Qualifikatioun fir 1/2 Finall vun der National TT League
3rd March 2026
DT Houwald
Wat fir eng Galavirstellung vun eiser 1. Ekipp um leschte Spilldaag vum Play-Off.
Mat engem impressionnante 6-1 géint Lénger an engem däitleche 20-9 an de Sätz huet eis Ekipp gewisen dass se zu den beschten aus dem Land gehéiert an sech soumat verdéngt direkt fir d'Haleffinall vum Championnat qualifizéiert huet! Vum éischte Ballwiessel un voll fokusséiert, aggressiv am Ugreff an immens staark am Kapp - dat war Dëschtennis op héchstem Niveau.
De Leo an de Ben hun allebéid hier 2 Matcher géint den Fejer-Konnerth an de Kill gewonnen an och de Marc an den Aaron hun allebéid een Punkt zu der Victoire beigedroen. De Marc heut sech knapp am 5. Saatz géint de Michely misse geschloen gin.
Eng richteg Team-Performance mat Energie, Leidenschaft an Zesummenhalt!
Esou wëlle mir eis Ekipp gesinn - weider esou DTH💙
Fotograféiert vum Claude Sibenaler




